| Wëllkomm op Anilux.lu, dem lëtzebuerger Portal fier äer Anime, Manga, an Videospillhobbien. Den Anilux organiséiert all leschten Samsten vum Mount säin Treffen, an jiddereen ass häerzlech drop invitéiert. Fier iech am Forum anzeschreiwen, klickt heihinner. Soot eis och ween der sidd, am Fierstellungsberäich. Weiderhinn nach vill Spaass op der Säit! Aërt Anilux Team |
|---|
Néiegkeeten
Januar-Treffen: 9 Joaresfeier ^_^/
| Wéini: Den 28ten ëm 14:00 |
|---|
| Wou : Op der Gare |
| Wéi: Mat vill gudden Firsätz |

Et as rem souweit, en weidert Joar as mat den Festdeeg riwwergaang, mee daat heescht nach laang net dat een den Kapp soll hänken loosen, well et get nach mei ze feieren.
An zwar eist 9 Joar Jubiläum!! Mat frëscher Energie starten mer an 2012 eran an maan eist bëscht fir aus desem Joar rem en Hit ze maan. Zu desem Event därf och natierlech neischt fehlen, duerfir gin mer wei all Januar zesummen iessen. Dest Joar fennt daat ganzt am “Chinese Emperor” statt, en chineseschen Restaurant.
Fir d’Auerzeit zu der mer iessen gin hudder d’Wahl zwëscht 2 verschiddener. !! Wichteg: Link fir bei den Forum-Topic + Emfro ennert den Preiser !!
- Entweder mer gin Mëttes um 11:30 iessen fir rechtzeiteg um 14:00 um Treffpunkt ze sin
- Oder mer gin owes anstatt an den “Sushi Shop” dohinner. (also irgendsweini no 18h00)
Ze fannen as en op der Place d’Arme an der Staat an huet Mettes an Owes op an et kascht jeweileg fir:
Mettes (11:30-15:00) 9,80€ EDIT: Et stet fest: MER GIN METTES IESSEN!!
Owes (18:00-23:00) 13,00€
Et bleift un ierch ze entscheeden weini mer iessen, also vergiesst net voten ze goen. Mer weerten ierch dann am Viraus hei bescheed soen an d’Gewënnerzeit updaten!
Update Forum: Nei Smilien sinn online
Salut alleguerten
Ech sinn stolz iech soen ze kënnen, dass mer elo nei Smilien op eisem Forum hun. Alleguerten mat eisem leiwen neien Maskottchen drop. Fir den Moment sinn der 20 Steck online, awer matt der Zeit kommen der emmer erem neier dobei.
Hoffen Sie gefaalen Iech.
Photo-Update
Fotoen vum September, Oktober an vun der J-Con sin endlësch online.
Domadder och är Meenung kennt oofgin, hei mol den Link op den Forum-Topic
Schein Chrëschtdeeg…

Mer wënschen Iech an och äeren Famillien an Frenn schein an gemiddlech Krëschtdeeg. Loost Iech Kichelcher gudd schmaachen, an freed iech net nemmen iwert dei Kadoen der der kritt, mee och iwert dei, dei der un äer Leiw verschenkt. Eisen Kado un Iech kennt no…
… an ech wär firwelzeg weivill vun Iech eis Kreschtbullen an Filzfiguren um Beemchen hänken hun XD
Der kënnt eis jo äer Meenung dozou an den Forum schreiwen.
Äert Anilux-Team
Dezember-Treffen: Krëschtdagsfeier
| Wéini: Den 17ten ëm 14:00 |
|---|
| Wou : Op der Gare |
| Wéi: Mat vill gudder Stëmmung |

Et as erem Dezember an wei all Joars get et erem vill flottes ze maachen. Also loost eis mat der Plangung vun dessem Treffen mol sou richteg an Krëschtdagsstëmmung kommen. Dest Treffen get wei emmer weinst Kreschtdag an Silvester no fier verluegt!!!
Sidd all gespaant op dessen flotten Dag an op d’Erliefnisser vum diesjähregen Weinachtmarkt. Weerten mer et wei all Joars gudd iwwerstoen?
All dei neideg Informatiounen iwwert den Tour an der doropskomender Bescherung (eisem fotten alljähregen Spill) fannd der an dem folgenden Forumlink:
Commiteessetzung: Recapitulatif + Ännerungen
Wou dat mer ierch jo um laafen haalen iwwer waat bei eis sou lass as, fannd der op den folgenden Forumlinks dei Neiegkeeten an Updates dei der ierch net entgoen loosen sollt.
Wann der also up to date wellt sin, kuckt eng keier eran, et schued kengem.
Anilux meets J-Con
Salut alleguerten,
Wei verschiddener vun Iech jo um leschten Treffen matkritt hun, verleen mer eist normalt Anilux-Treffen op J-Con zu Merzeg an Däitschland.
J-Con ass eng kleng regional Convention vun eisen Merzeger Frenn, dei zwar kleng awer emmer ganz flott ass. An sie hun sech dest Joer och vill Mei ginn fir en ganz besonnegen Programm op Been ze stellen. Fir en bessen mei zur Con gewuer ze ginn wär et flott wann der op hierer Homepage giff mol luussen goen ;-)
Allgemeng Informatiounen :
Wou ?
zu Merzeg (Deitschland) an der Stadthalle
Weini ?
Samstes den 26. November vun 10-22 Auer
Sonndes den 27. November vun 10-17 Auer
Wei deier ?
9 € fir een Daag
15 € fir dei zwee Deeg zesummen
Waat sollt ech nach wessen ?
Et därf en net manner wei 14 Joër sinn, well een soss an Begleedung muss op Con kommen. Falls een mei jonk sollt sinn an awer well dohinner goen, erklären ech deem nach gären wei daat geet.
Carte d’identité oder en Pass musse en emmer bei sech hun fir sech bei enger Kontroll können auszeweisen.
Fir weider Detailer kuckt op der Homepage.
Organisatioun:
Wei kommen ech dohinner? An wei och erem zreck? Waat ass do geplangt?…..
Fir all är Froen hun mer eng Plaatz am Forum opgemaach. do fannd der och ween iech vielleicht kann mathuelen, an ween matgeet oder net. Den Topic am Forum gett emmer erem op den aktuellen Stand gesaat doweinst kuckt och direkt laanscht.
Oktober-Treffen: Halloween
| Wéini: Den 29ten ëm 14:00 |
|---|
| Wou : Op der Gare |
| Wéi: Muhahahahaha |
![]()
Leiw Kollegen a Kolleginnen, et ass rem so weit. Kostümer werden aus de Schief gezunn, en moderesche gerroch geht durch Gegend an de Wollef huet seng Longe gefellt.
Zeiten ennerern sech, awwer eppes bleiwt selwecht, fir den Oktober ass rem Halloween Time an dovir get Cosplay gemacht, fir dei dei wellen. Et ass engem emmer dei Entscheedung geloss gin, ob en sech well an eng anner Gestalt verwandeln oder och net.
Schrauwe gin lo ungezun a Kürbiser gin rausgestellt. Et as Zeit, dass mir aus eise Griwwer rem rauskommen an eise verfluchten Tour, de mir jo wei emmer a plus “Location” fir Fotoen, durch Stadt maachen and Leit mat eis zeihen.
Ech freen mech ihr zahlreich ze gesinn a mat an d’Hell ze feiern. Muhahahahaha
m.l.G. Vizard
September-Treffen: Pic-Nic mat Omnomnom…
| Wéini: Den 24ten ëm 14:00 |
|---|
| Wou : Op der Gare |
| Wéi: Befaffnet mat edlem Gebäck ^^ |

Dest Treffen dreint sech ganz em d’Thema “Baacken”.
Op et elo en Kuch oder e puer Muffins sin, loost ärer Imaginatioun freien Laaf an baackt selver eppes scheines, soufern der loscht hudd (der sidd net gezwongen eppes ze baacken). Är Meeschterwierker kennt der dorobshin noom Tour duerch d’Geschäfter am Park, bei engem flotten Pic-Nic, mat aaneren deelen während der Tipps oder Geheimnisser austauscht ^_~. Weieng schein Baackgeschichten wuel dobei erauskommen weerten? Mer bleiven op desen flotten Daag gespaant.
!!Ganz Wichteg!!:
Sollt schlecht Wieder gemellt gin (waat keen Pic-Nic ermeigelescht) weert einfach en normalt Treffen mam übleschen Tour stattfannen. Mer weerten den Status dann op Haaptseit an am Forum rechtzeiteg (2-3 Deeg firum Treffen) updaten, net dat der fir neischt baacken sollt. Denkt also drunner nach eng Keier rechtzeiteg hei kucken ze kommen.
Merci fir ärt Verständnis,
Tchii
Fir d’Disskussioun zum Treffen, einfach hei klicken.
Update den 21.09.2011 vum Luluriel
Mer maachen den Picnick. Et soll bis 21 Grad ginn, zwar Sonn an Wolleken, mee et bleiwt dreschen (Reenrisiko bei 5%)
Also dann huelen mer mol eis Baaksaachen erous an och vielleicht trotzdem dei eng oder aaner waarm Jacket, well och wann et 21 Grad soll ginn, fannen ech dass et an der Läscht trotzdem vill mei kaal ginn ass.
August-Treffen: Schueberfouer
| Wéini: Den 27ten ëm 14:00 |
|---|
| Wou : Op der Gare |
| Wéi: matt genuch Suen fir Fouer onsecher ze maachen ^^ |

Leif Kollegen an Kolleginnen,
Et ass rëm Zäit fir en Treffen, an wei all Joer ass ëm dës Zäit och Schueberfouer op!
Domat steet et schon fest, dass mir dohin werden goen nodeems mir eise normalen Tour hannert eis hunn.
Mir kennen soumat Buden durchkämmen, op Attraktiounen goen an so weider an so fort.
Ech hoffen dass mir alle guer Spaass werden hunn an et deet mir leed, dass de Treffen réischt so spéit online gesat gouf vun mir. Ech hat leider vill um hutt an Zäit ass schnell vergaangen, ech hoffen dier verzeit mir!
Lg Vizard

