Abrëll-Treffen: Hanami
| Wéini: Den24 ten ëm 14:00 |
|---|
| Wou : Op der Gare |
| Wéi: mat Bento an Sëtzdecken bewaffnet |
Salut alleguerten,
Jo, ech wees, ech wollt iwert Cosplay schwätzen, mee irgendwei fannen ech et eng Senn am Sall ze setzen, wou mer schon esou en scheint Wieder hun. Also hun mer elo ganz kurzfristeg emdisponeiert an maachen zesummen eng Hanami.
Eist Treffen leeft normal wei emmer oof, also dei gewinnten Geschäfter (Player One, Reservoir Games, …) Mer wärten allerdings dono net an den Sall goen. Mee eis eng schein Plaatz an der Staat sichen, wou mer zesummen picknicken können.
Also huelt är Bento Saachen eraus, an lass geet et.
Waat jiddereen esou brauch:
- Eppes vir z’iessen oder ze schnecken, z.B. en Bento ^^ (hei eng ganz flott Adress dozou)
- Eppes ze drenken (keen Alkohol)
- Eppes vir sech drop ze setzen, eng Decken, eng Tuut oder einfach en Handduch
- Eppes vir dei schein Zeit am Park ze geneissen, eng flotten Manga oder en Spill…
Ech denken dass daat ganz flott wärt ginn, an mer och des Keier!! d’Wieder keen Strech durch Rechnung mescht, esou wei dei lescht Joeren.
Freen mech schon, bis en Samsteg
You can follow any responses to this entry through the RSS 2.0 feed. Responses are currently closed, but you can trackback from your own site.