Mai-Treffen: Amigurumi
Wéini: Den 22ten ëm 14:00 |
|---|
| Wou : Op der Gare |
| Wéi: bewaffnet mat Crochet an Woll ^^ |
Hallo Alleguerten
Fir allereisch mol ganz wichteg!!
Well en puer vun eis gären wellen op Düsseldorf op den Japan-Tag goen, ass eist Anilux-Treffen schon den 2. leschten Samsteg vum Mount, also den 22. Mee 2010.
Ausserdem wollt ech Iesch weisen wei een dei putzeg Deiercher häkelt, dei een allgemeng Amigurumi nennt.
Amigurumi kennt, wei een sech et schon denken kann, aus Japan an heescht frei iwersaat “ausgestoppten Deiercher”. Meeschtens sinn se gehäkelt, mee et ginn och gestrecktener oder aus Pomponen. Et gett hei alles vun Deieren, Iessen, an alles waat een zu engem Chibi maachen kann. Waat se awer all gemeinsam hun ass, dass se putzeg, knuffeg an total süss sinn.
An well een sech esou seier an dei leif Deiercher verleift weisen ech Iesch um Treffen wei een esou eppes selwer mescht. Ech weisen Iesch wei een häkelt an dei eenzel Anleitungen versteht, op deitsch, franseisch, englesch oder japanesch.
Fir dass der do och all kënnt matschaffen, musst der en puer Saachen matbrengen:
- Woll – Also irgend en Fuedem, et muss net onbedingt 100% Woll sinn. Ech häkelen emmer mat 100% Acryl, dei ass schein belleg an sie leisst sech gudd häkelen. Ech empfehlen hei z.B. “Bravo” vun “Schachenmayr nomotta” dei fannd der an der Bastelkiste an der Staat oder an der Bastelstube zu Treier an kascht 1,10 €
Awer och all aaneren Fuedem geet, mee kuckt dass een en mat engem Crochet 3-4 kann häkelen, soss ass den Fuedem vielleicht ze dënn. - Crochet – Also der sollt Iesch en Crochet organiseieren, passend zur Woll dei der kaaft hudd. Daat einfachst ass sech een bei der Mamm ze organiseieren, falls dei der hued oder bei der Boma
- Scheier – also eng Scheier wär praktesch fir den Fuedem propper oofzeschneiden, den Fuedem oofbeissen mecht sech net esou gudd ;-)
Den Rescht Saachen dei der braucht wärt ech matbrengen. Well eisen heischgeschätztenen Seku net do wärt sinn, heen ass an Japan, wärten mer also keng Animeen kucken, also mussen dei Leit dei net häkelen wellen sech aanescht beschäftegen
Elo nach zum Schluss, den Sall muss net prepareiert ginn doweinst treffen mer eis ganz normal op der Gare an maachen eisen neien Tour, also erem bei der Bastelkiste laanscht, esou kënnen dei Leit dei nach eppes brauchen sech et organiseieren.
Bis um Treffen
Fannt am Forum Inforumatiounen an Diskussioun zum Treffen an den Amigurumien
Et wär fein, wann dei Leit dei op jiddenfalls wellen matmaachen daat am Forum matdeelen, dass ech ongefeier wees weivill Kopien mer ongefeier brauchen.
You can follow any responses to this entry through the RSS 2.0 feed. Responses are currently closed, but you can trackback from your own site.