Den Club
Anilux ass dei greissten Communautéit fir Manga an Anime-Fans zu Letzebuerg. Gegrennt gouff se am Januar 2003 ennter dem Numm Luxemburger Fantreffen an war och speider ennert dem Numm Luxemburger Animexx Treffen bekannt. Seit dem 5jähregen Jubiläum am Januar 2008 heescht et elo Anilux.
Am Anilux kënnen sëch Gläichgesënnter treffen an kennenleieren, sief ët online, sief ët in persona op eisen Treffen. An enger flotter Ambiance kann een sech sou iwert gemeinsam Hobbien auszetauschen, an eppes zesummen ennerhuelen. Spass hun oder och di di ganz Saachen nei kennenléieren. Am Anilux fënt een Leit vun allen Altersklassen an Nationaliteiten, jonk an all ass bei eis wëllkomm, fier Freed un der japanescher Kultur ze deelen.
Eis Haapt-Aktivitéiten:
Anilux-Treffen
Fänke mer mat eisem Treffen un, daat all leschten Samsten vum Mount stattfënt. Hei kënnen sech Leit kennenleieren, sech austauschen an Spass zesummen hun, an ët ass ëmmer dei Geleegenheet Leit di een nit sou oft gesäit ëremzegesinn. (Eng mei detailleiert Beschreiwung zum Treffen fend een am Bereich vum Treffen.)
Internet-Platform
Fir dei Zeiten teschend den Treffen gett et Anilux.lu mat engem integreierten Forum. Hei treffen sëch eis regulär Memberen, an kënnen iwwert di néitsten Trends oder Serien diskutéiren. Ma ët ass och iwwert dës Säit wou di nächsten Treffen an Aktivitéiten ungekënnegt ginn.
Den Cosplay
Daat ass eng Oofkierzung vun Costume-Play. Hei geet et drem sech sengen Firbiller vun Manga, Anime oder Spiller esou no wei meiglech ze kommen, mat deenen richtegen Kleeder, Accessoiren an Gesten. Et spillt een sein Character, dohier och den Numm. Beim Anilux ass dësst Hobby keng Randerscheinung, ma vill ënnert eis begeeschteren sech derfier.
Eis Aktiviteiten an desem Bereich ginn vun Treffen am Cosplay, iwert Photosessions an Bitzkueren. Photoen kënnt der an eiser Gallerie “bewonneren”, zum Beispill di vun der Streetar(t)nimation 2008.
Fanart an Fanfics
Vill vun eisen Leit zeechnen och (Fanarts) oder schreiwen Geschichten (Fanfics) zu hieren Lieblings Mangaen. Op deser Seit kreien eis Memberen Meiglechkeet fir hier kreativ Aarbeschten ze présenteieren. Eis Aktiviteiten an desem Bereich sinn vum Moolen um Treffen, an Conhons bis zu gelegentlechen Zeechenkueren.
Podcast
Eng kleng Grupp huet sech zesummengeschloss fir den eischten interregionalen Podcast an Zesummenaarbescht mam Anime-Treffen-Merzig ze grennen. An all Sendung gett iwert divers Trends an News vun eisen Lieblingshobbien geschwaat. Hei fend alles seng Plaatz: Mangaen, Animeen, Videospiller an alles ronderem japanesch (Pop-)Kultur.