D’Equipe

D’Organisatioun vum Anilux, souwuel waat Meeting un geet wi och eis Internet-Säit verlaang no Leit di sech Zäit huelen fier daat ganzt ze plangen an och dann duerchzesetzen. Eleng oder zu zwee wier daat ganzt onméiglech duerchzezéien, an dofier ass jiddereen wëllkomm deen eis ë bëssi ënnert d’Aërm wëll gräifen. Am Moment sinn haaptsächlech zwee Leit fier d’Organisatioun vum Anilux zoustänneg: d’Nadine (alias Luluriel) an den Christian (alias Seku).

Fier daat der d’Equipe och op den Treffen ëremerkennt, hei en klengen Profil matt Photo vun hinnen:

Nadine / Luluriel

Präsidentin / Cosplay

Link op den Forumsprofil

D’Nadine ass den gudden Geescht vum Anilux : baal säit Ufank matt derbäi an schons Säit puer Joer Chef, versicht ët eis Treffen ëmmer sou flott wi méiglech ze gestalten, an daat an der beschter Ambiance.

Christian / Seku

Websäit/Orga/Camera Obscura

Link op den Forumsprofil

Den Seku ass réischt säit 2007 beim Anilux derbäi. Wi d’Saache sou komm, huet en abeemool mattgehollef bei der Organisatioun vun den Treffen, oder verfaassen vun jedweden offiziellen Dokumenter. Domadder probéiert em mam Lulu d’Organisatioun an den Grëff ze kréien.

Daniel / Tchiichobits

Helpful Hand

Link op den Forumsprofil

Den Daniel ass sou eppes wi di gudd Séil vum Treff, ëmmer hëllefsbereet an fein fier den Leit ënnert d’Äerm ze gräifen. Dobäi sprëngt en och fier d’Nadine an den Christian an, wann di mool eng Kéier verhënnert sinn