Eis Treffen

Anilux organiséiert all leschten Samsten vum Mount en offiziellt Fantreffen : Hei treffen sech Leit fir zesummen eppe ze ennerhuelen, matteneen ze diskuteieren, ze spillen an Spass ze hun.

Eis Treffen besteht esou am Schnett aus 30 bis 40 Leit, dei zesummen durch Staat zeien, Geschäfter kucken ginn, an sech dono, fir en gemiddlescht Zesummensinn, an eisem Clubraum treffen, wou meeschtens zousätzlech Aktiviteiten ungebueden ginn, je nom Thema vum Treffen.

Den Ooflaaf

Fier en typescht Anilux Treffen huet sëch sou eppes wi eng Routine festgeluet, di mer natierlech desöfteren variéiren. Grosso modo gondelen mer duerch alleguer d’Geschäfter an der Staat di Saache verkaafen di eisen Hobbien ëntspriechen. Derno ginn mer dann an eisen Sall, fier eis matt Gespréich, Anime-projektioun oder aanerweideg ze beschäftegen.

Daat Muster gëllt ower nach laang nit fier all Treffen: oft steet d’Treffen ënnert engem bestëmmtenen Motto wi “Cosplay”, “Picknick” wou den üblechen Plang komplett op d’Kopp gehäit gëtt. Ma doriwwer informéieren mer steets détailléiert op der Haaptsäit. Ma wann der eng generell Iddi wëllt hunn wi d’Treffen oofleeft, dann liest hei weider.

Versammelen op der Gare

Mer treffen eis eigentlech ëmmer um 14:00 an der Staater Gare firum Zeitungsboutek. Di grouss Mënschenunsammlung ass normalerweis net ze iwersinn:D Wann mer all komplett sinn, dann ginn mer d’Avenue erop richtung Zentrum, an maachen een Tëschenstop bei folgenden Geschäfter:

Caverne du Goblin


Daat ass eisen eischten Boutek deen mer besichen. Hei fënnt een alles waat en Rollenspillerherz mei heisch schloen leist. Och mei speziell Spiller an Trading Card Games sinn gudd représentéiert. En klengen, awer richteg gudd sorteierten Spillboutek.

Player One

Daat ass den freieren Electroviaduc. En klengen awer interessanten Videospillboutek. Hei fënnt een alles vun den aktuellen Konsolen bis hin zu den ganz aalen, esouwoul Konsolen selwer, wei och Spiller. Eigentlech ass emmer eppes passendes derbäi. Besonneg interessant sinn hei och hier Occasiounen.

Reservoir Games


Daat ass eisen zweeten Videospillboutek. Ween an deem eischten net fündeg ginn ass, deen kann hei mol seng Glëck probeieren, well d’Auswiel ass grouss, vun nei bis gebraucht. Ausserdem fënnt een hei och vereenzelt Gadgets zu den Spiller, wei Figurinnen, Tshirten, Mousepads,… Och eng Plaatz di mer nit op eisem Tuer dierfe verpassen.

BD Corner


En leiwen klengen BD-Manga-Boutek. Spezialiseiert op net esou bekannten Serien. Ausserdem fend een och hei kleng Merchandiese-Saachen. Vun baussen gesäit een nit daat Den BD Corner een schéinen éischten Stack huet matt engem kuschelegen Liese-Eck: e puer vun eis mussen do ëmmer matt Force fortgeschleeft ginn :grin:

Fantasybox


Den Klassiker waat Mangaen unbelaangt. Des Geschäft geheiert schon seit dem eischten Treffen zu Tour an daat och net ouni Grond. Hei fend een eng onmasseg auswiel vun deitschen an franseischen Mangaen, Gadgeen, Plüschen, Figurinnen. En klengen Boutek vollgepackt mat allem waat en Mangafan mei heisch schloen leisst ^^

An nodeems mer genuch ankaaft hunn, gidd mer gemittlëch an :

Den Sall

Vun hei aus fueren mer dann an eisen Sall, deen mer seit dem März 2009 zur Verfügung hun. Hei können sech Leit treffen fir ze spillen, ze moolen, ze liesen, Animee ze kucken oder einfach nemmen Spass ze hun. Je nodem enner welchem Thema Treffen steht, ginn hei besonneg Aktiviteiten ungebueden.
Laag vum Sall ass besonneg gudd. Am Emmkrees vun 5 Minuten huet een eng ettlech verschidden Busverbingungen, dei an all Richtung fueren, ob Richtung Gare oder aus der Staat eraus. Ausserdem sinn hei en Chinese en Pizzeria an eng lecker Sushibar net wei vum Sall ze fannen. En klengen Park schleisst sech un dei ehemoolesch Schoul, wou mer den Sall dran hun, un.

Fier nach ë bëssi Honger ze maan, hei e puer Photoen aus dem Sushi Place um Kierchbierg:

E puer vun eis iessen hier Sushien am léifsten Am SushiShop selwer, aanerer huelen se leiwer matt zrëck an den Sall. Daat gesäit dann sou aus:

An wann mer dann all gudd getrëppelt, ankaaft, gespillt, an gebafft hunn, dann ass den Treffen fäerdeg, an ët kann een sech heem zefridden tesselen goen :gaps: